Sauce Poivre
Mise en place
Ingredienten
- E gudd Stéck Fleesch
- Grénge Peffer
- Botter
- Cognac oder Brandy
- Ueleg, Olivenueleg
- Ram
- Salz
- Pfeffer
- Pefferkären (schwaarzer oder grénger, am beschten grénger)
Material
- Pan
- Schnéibiesem
- Zaang
Rezept
-
Fleesch
- Fleesch mat Salz a Peffer areiwen an an eng gliddeg Pan mat wéineg (Oliven)Ueleg geheien
- Fleesch kache wei een et gären hätt an aus der Pan huelen
- Fleesch op een Teller op d’Säit leeën
-
Zooss
- Brandy oder Cognac an der (nach waarmer Pan) maachen
- Extrem vill Botter dobäi ginn an den Alkohol verkache loossen
- Pefferkären dobäi ginn an och ee bësse Ram
- Kache loossen bis dass d’Zooss ganz déck ass
-
Fäerdeg maachen
- D’Jusen vum Fleesch mat an d’Pan geheien an ofkille loossen
Tipp
Méi Zooss kachen ass hei méi schwéier dofir ass et besser eng Portioun ze maachen.