Wäinzoossiss mat Moschterzooss a Püree
Mise en place
Ingredienten
- Moschter, Moschterkären
- Wäinzoossiss
- Ram
- Gromperen
- Schallotten (Julienne geschnidden)
- Salz
Material
- Messer
- Pan
- Schnéibiesem
- Läffel
- Zang fir ze kachen
- Teller
Rezept
-
Wäinzoossiss
- Wäinzoossiss mat Ueleg an enger gliddeger Pan ubroden.
- D’Wäinzoossiss op een Teller leeën an d’Pan net ofmaachen.
-
Zoos
- Schallotten mat ee bëssen Ueleg an der Pan op Medium hëtzt ubroden, bis karamelliséiert.
- Pan ofkille loossen an da mat Ram ofschrecken.
- Zwee gutt Iessläffel Moschter, Moschterkäre, Salz a Peffer dobäi maachen.
- Douce kache loosen an d’Wäinzoossiss an d’Pan leeën.
-
Püree
- D’Gromperen an engem Dëppe kachen bis se mëll sinn.
- D’Gromperen an engem Stéisser zu Püree verschaffen.
- De fäerdege Püree nach Botter vermëschen.
Varianten
Och gutt kënnen Nuddele (z.B.: Chifferini) sinn oder gekachte Gromperen an eventuell Fritten.