Poulet à la Chasseur
Mise en place
Ingredienten
- Oliven Ueleg
- Botter
- Eng Schallott (a reng Würfele geschnidden)
- Zwou Poulets Brëschtchen (a 4 dënn Filete geschnidden)
- Brandy
- Wäise (Riesling) Wäin
- Tomate Jus
- Hinger Britt
- Estragon (gerappt)
- Champignonen (geschnidden)
- Eng Tomat (a Würfele geschnidden)
- Péiterséileg (gerappt)
Material
- Messer
- Briet
- “Non Stick” Pan
- Pan
- Läffel
Rezept
-
Zooss
- Eng Pan mat Olivenueleg waarm maachen, an de Poulet ubroden.
- D’Pan ofkille loossen, a Botter bei de Poulet bäi ginn.
- Reng geschnidde Schallotten an de Pan ginn a kuerz ubroden.
- Brandy a Wäin dobäi ginn a kache loosse bis dass d’Zooss méi déck gëtt.
- Tomate Jus an d’Hinger Britt an d’Pan ginn a kache loossen.
- Estragon drop streeën an nach kuerz kache loossen.
-
Garnéierung
- Geschnidde Champignonen, a Würfel geschnidden Tomaten, a Péiterséileg an enger Pan kache loosse bis dass d’Champignonen hiert d’Waasser verkacht ass.
Supplement
- Ka mat Fritten zerwéiert ginn.
Interessantes
Poulet à la Chasseur ass e klassescht franséischt Rezept wat ee Fricassée ass. Fricassée heescht dass d’Zooss mat, hei dem Poulet, an der Pan gekacht gëtt.