Spaghetti Carbonara
Mise en place
Ingredienten
- 200g Guanciale (A Würfele geschnidden)
- 200g Pecorino Romano (réng gerappt)
- 300g Spaghetti
- 4 Eeër
- Peffer
- grafft Salz
Material
- Messer
- Briet
- Pan
- déckt Dëppen
- Zaang fir ze kachen
- Schnéibiesem
- Seibecken
- Schossel
- Taass
Rezept
- Nuddele kachen
- Een déckt Dëppe mat Waasser a Salz opsetzen.
- D’Spaghetti dra maachen an eng Minutt manner wei uginn ass kache loossen.
- Eng Taass Nuddelwaasser halen.
- Dono d’Spaghettien an der Seibecken ausschëdden.
- Guanciale preparéieren
- Iwwerdeems d’Waasser ufänkt mat kachen, den a Würfele geschniddenen Guanciale an enger kaler Pan ouni Fett ubroden.
- Pan nom ubroden ofkille loossen.
- Zooss preparéieren
- D’Eeër an enger Schossel opschloen an se mat vill Peffer würzen.
- De Pecorino Romano Kéis dobäi maachen a mat engem Schnéibiesem vermëschen.
- Zooss fäerdeg maachen
- D’Spaghettien an d’Pan geheien an och d’preparéiert Zooss an op doucer hëtzt kache loossen.
- D’Zooss déi ganzen Zäite vermëschen esou dass aus den Eeër keng Eeërtriwwel gëtt.
- Zerwéieren
- Op engem Teller zerwéieren an eventuell nach ee bësse gerappte Kéis driwwer steeën.
Interessantes
Carbonara kënnt der Legend hir vun den italieeneschen Aarbechter déi an de Minièrë geschafft hunn. Dëst ware Kuele Minnen dohier den Numm Carbon-ara, (Italieenesch: carbone; Lëtzebuergesch: Kuel) dofir gëtt och traditionell vill Peffer benotzt fir dem Numm eng éier ze erweisen.