Penne all’Arrabbita#
Mise en place#
Ingredienten#
- Penne
- Passata di Pomodoro
- Pecorino Romano
- 1 Chili (mat engem Mörser zu enger Zort Bräi zerdrécken)
- Basilikums Blieder (a Chiffonade geschnidden oder mat den Hänn méi spéit zerrappt)
- Péiterséileg (réng geschnidden)
- Knuewelek
- Peffer
- Salz a grafft Salz
- Ueleg (Oliven, extra vierge)
Material#
- Messer
- Briet
- Eng Press fir Knuewelek
- Mörser mit Pistil
- déckt Dëppen
- Pan mat groussem ronnem Bord
- Läffel
- Seibecken
- Taass
Rezept#
- Nuddele kachen
- Een déckt Dëppe mat Waasser a Salz opsetzen.
- D’Penneën dra maachen an eng Minutt manner wei uginn ass kache loossen.
- Eng Taass Nuddelwaasser halen.
- Dono d’Penneën an der Seibecken ausschëdden.
- Zooss
- Eng Pan mat Olivenueleg gliddeg waarm maachen, awer net ze vill.
- Wann d’Pan bis d’Temperatur erreecht huet, kënnt de Chilli-Bräi gutt verdeelt an d’Pan.
- No enger Minutt kache loossen, muss de Knuewelek duerch d’Press an an d’Zooss.
- Direkt dono mat dem Passata ofschrecken, an eng Weil kache loossen, ouni dass d’Zooss ze deck gëtt.
- Direkt dono d’Hëtzt erof setzen op Medium.
- Nodeems d’Zooss kache konnt fir ongeféier fënnef Minutten, kann de Basilikum an de Péiterséileg och dra kommen.
- No kuerzem kachen ass d’Zooss fäerdeg.
- Moment
- D’Nuddelen an d’Zooss geheien a kuerz op ganz niddreger hëtzt kachen.
- D’Zooss gutt vermëschen an no zwou bis dräi Minutte kache loossen ass d’Zooss fäerdeg.
- Zerwéieren
- Op engem Teller zerwéieren an eventuell nach ee bësse gerappte Kéis driwwer steeën.
- Nach mat engem Blaat Basilikum drop dekoréieren.